Den Ech-Erzieler steet enges Dages am Laf vum Joer 2016 virun „dem Lach, dat fréier mol den Aldringer war“ a kritt d‘Gefill, datt generell eppes mat der Welt a besonnesch mat Lëtzebuerg net stëmmt. Alles wierkt fir hien, wéi wann et just eng bëlleg Kuliss aus Kartong wier. Wat als komescht Gefill ufänkt, entwéckelt sech zu engem eeschte Problem, well näischt méi reell wierkt: D‘Pizzeria net, d‘Chamber an déi lëtzebuergesch Politik souwisou net, net emol de Besuch beim Bäcker, wou ee rosenen Här versicht, säi Croissant op Lëtzebuergesch ze bestellen. D‘Lis, eng gutt Frëndin vum Ech-Erzieler, probéiert him d‘Gefill vun der Normalitéit zeréckzeginn. Dofir besichen déi zwee déi „schéinste“ Plaze vum Land. Si maache kee Roadtrip, well dat an engem klenge Land lächerlech wier. Si fueren trotzdeem bei de Bockfiels, an de Flying Dutchman, op d‘Aire de Berchem, de Stauséi a schlussendlech op de Kierchbierg.
Ech sinn wierklech frou dass et daat Buch gëtt. An ech mengen och dass et Lëtzebuerg gutt deet, dass et daat Buch gëtt: mee ech hoffen et gëtt gelies. Ech hunn vill vu mengen eegene Gedranken dran widderspiggelt gesinn, déi ech selwer awer nie a Wieder faassen konnt. Ech hunn vill gelaach, mee och vill déifgrënneg iwwerluescht beim liesen. Et war wierklech schéin emol engkéier eppes op Lëtzebuergesch ze liesen, souwéi an der inklusiever Sprooch, waat béides erstaunlech einfach ze liesen war. Ech sinn op alle Fall gespaant waat als nächst kënnt! Ee grousse merci un dem Stand vun Op der Lay op de Walfer Biicherdeeg deen mech op daat Buch opmierksaam gemaach huet!
Wirklich gelungene Geschichte über seltsame Gefühle und über Gefühle die vielleicht gar nicht so seltsam sind, wenn sie von außen betrachtet werden. Ist mit etwas Konzentration auch mit sehr wenigen luxemburgisch-Kenntnissen lesbar, sofern ma deutsch und vielleicht ein bisschen französisch spricht und sehr geeignet um ein paar Backgrounds über das Land zu lernen.
Recording of a certain generation's mindset at a specific moment in time in Luxembourg. Millennial angst about the state of the world, themselves and specifically the change in Luxembourg's political and cultural landscape in the 2010's. Puts the finger on a multitude of problems in Luxembourg's socio-cultural, political and economical sustainability from the viewpoint of a personal level of the characters.