E Schelmenroman? Ech si mer net wierklech sécher, well den Haaptcharakter ganz onsympatesch wierkt… E Genie oder en décken Téinert? D’Fro bleift bis an och no deene leschte Säite vum Buch oppen, an dat ass och gutt esou. Mir, d’Léiser kënnen dat decidéieren. Fir mech ass de Sascha Rink en onverschimmte Ligener, mat seriöen, ongeléiste psychologesche Probleemer an Traumae vu senger Kandheet. De Rewenig huet nach eng Kéier bewisen, datt hien e (wann net dee moderne) Meeschter vun der Lëtzebuerger Sprooch ass.