Josy Braun was a Luxembourgish writer, journalist and translator. He wrote plays for adults and children, poetry, prose and children's stories, in both Luxembourgish and German.
His plays, which often convey political concerns, include D'Kromm an der Heck (1966), Requiem fir e Lompekréimer (1966), Wie bas de Leo? (1976), Hexejuecht (1978).
He authored the very first detective story in Luxembourgish, Porto fir d'Affekoten (1997).
No engem rasanten Ufank mat sechs Doudesfäll huet sech d'Geschicht duerno e bëssen an d'lëtzebuergesch Theeme Politik, Immobilien a Press verlaf. Dës Theeme si 30 Joer méi spéit nach ëmmer relevant, mee vläicht muss ee Lëtzebuerger si, fir all d'Detailer an d'Anspillungen ze verstoen an och verstoen ze wëllen. E gutt Buch fir Lëtzebuergesch ze léiere, mee bei sechs onschëllegen Doudesfäll fannen ech de Schluss frowierdeg.
Et war immens spannend a gutt geschriwwen. Den Auteur hätt kënnen eng méi laang Geschicht geschriwwen. En huet mäi Virwëtz erwächt, fir iwwert d’Charactere méi gewuer ze ginn.
De Jean Leclerc ass Bâtonnier a kënnt vum Edgar Raach sengem Begriefnes heem. Hie mécht eng Fläsch wäisse Porto op, déi hie vum Verstuerwene geschenkt krut. Kuerz drop fält hien ëm an ass dout. Et soll net bäi där Läich eleng bleiwen. Et gëtt der eng Rei méi an ëmmer ass de selwechte Porto am Spill. Mä net all Fläsch mat der Etikett „Terras Altas“ ass mat Kaliumzyanid vergëft.
De Journalist Pit Marburg recherchéiert, zesumme mam Fotograf Joé Kolber, iwwer d'Affär. Dobäi si se dem Kommissär Alfred Biermann vun der Sûreté an dem Ënnersichungsriichter Franz Bauer déi d'Enquête leeden, ëmmer ee Schrack viraus...