Jump to ratings and reviews
Rate this book

Perl oder Pica

Rate this book
1963 huet den Norbi, e Bouf vun 12 Joer, keng grouss Wiel. Et ass bal alles verbueden, an iwwert déi meeschte Saache schwätzt een net. Et ginn déi Gutt oder déi Béis, déi Schwaarz oder déi Rout, den Himmel oder d’Hell – Perl oder Pica, wéi d'Schrëfttypen vun de Schreifmaschinnen, déi de Papp verkeeft. Den Norbi fënnt an der Agenda vu sengem Papp a regelméissegen Ofstänn e Buschtaf, de P. Dëse P stellt hie virun e grousst Rätsel. De Krich ass scho laang eriwwer, awer e geeschtert nach an de Käpp. E Besuch am Monument aux Morts mat der Klass ass wéi e Choc. A wann de P da fir Preis stéing? Fir e Gielemännchen? ....Perl oder Pica beschreift eng Lëtzebuerger Kandheet. Et geet ëm d'Sich no der Frëndschaft an der Wourecht, aus der naiver a witzeger Siicht vun engem Bouf. Doriwwer eraus, ass de Roman eng Lëtzebuerger Chronik aus de 60er Joren, enger zimlech onkomplizéierter Zäit, déi dem Erzieler awer ongerecht a verluge virkënnt.Perl oder Pica ass dem Jhemp Hoscheit säin 1. Roman a krut den 3. Präis beim nationale Literaturconcours 1997. De Roman krut 1999 de Servais-Präis fir dat bescht Buch, dat an dem Joer zu Lëtzebuerg publizéiert gouf.De Roman ass 2005 vum Pol Cruchten no engem Scénario vum Viviane Thill verfilmt ginn. De Film krut 2007 um 3. Lëtzebuerger Filmpräis de "Prix du Public". 2008 koum de Film ënnert dem Titel "Kleine Geheimnisse" an déi däitsch an éisträichesch Kinoen. 2009 ass de Film ënnert dem Titel "Petits secrets" a Frankräich gelaf.

275 pages, Kindle Edition

First published January 1, 1998

1 person is currently reading
5 people want to read

About the author

Jhemp Hoscheit

7 books3 followers

Ratings & Reviews

What do you think?
Rate this book

Friends & Following

Create a free account to discover what your friends think of this book!

Community Reviews

5 stars
2 (25%)
4 stars
1 (12%)
3 stars
5 (62%)
2 stars
0 (0%)
1 star
0 (0%)
Displaying 1 of 1 review
Profile Image for Peter.
122 reviews4 followers
August 12, 2024
Ech hunn d’Buch immens interessant fonnt. D’Charactere schéngen authentesch, original a villsäiteg ze sinn, d’Mozaikgeschichte si gutt geschriwenn. Den Essay um Enn huet mer vill gehollef fir den historeschen a sozialpsychologischen Hannergrond besser ze verstoen.
Displaying 1 of 1 review

Can't find what you're looking for?

Get help and learn more about the design.