Mango Panda heescht dat Buch fir Kanner vum Roland Meyer, wat am Fréijoer 2007 erauskoum. Am Ënnertitel heescht et Gëtt et Léift mat 12 Joer? Dat ass nämlech net sou einfach fir d’Linda, dem Schoulinspektor Kréier säi Meedchen, wat sech zu Bouneweeg bei engem Schoulemeeting an de Samuel verléift huet, well deen him bei engem afrikaneschen Danz immens imponéiert huet. Wéi kann et deen elo erëmgesinn, well hatt an enger ganz anerer Schoul ass? Do léisst hatt sech scho villes afalen, mä wann et Zoufäll ginn, dann ass et op jidde Fall een, well de Samuel wiesselt d’Schoul an hie sëtzt souguer e bësse méi spéit am Linda senger Klass.