D’Séissel vun der Guillotine Spekulativ Fiktioun aus Lëtzebuerg
Den Ugo iwwerfält eng Bank. D’Jet hëlleft him. Et ass eng Realitéit, déi eis bekannt ass an awer och net. Dem Ugo seng Welt ännert sech schnell, nodeems hie mierkt, dass säin Iwwerfall eng Fal war. An esou, mam Drang no Äntwerten an Adrenalin, mécht den Ugo wat hien hätt misse scho längs maachen…
An dëser méi laanger Heist-Kuerzgeschicht, dominéiert vu giganteschen Himmelsdieren, wou Individuen, Magie a Kreaturen aus verschidde Welten duerchfalen, versicht den Ugo seng Wuerzelen erëmzefannen.
D’Séissel vun der Guillotine ass spekulativ Fiktioun an erfënnt e verfriemte Lëtzebuerg, wat d’Problemer vun eiser Realitéit spigelt, dat awer, op enger anerer Aart a Weis…
En Abléck an d’Buch
"Se houngen an der Loft.
Roueg.
Gigantesch.
Wéi wann se d'Séissel vun der Guillotine wären, déi nëmmen dorops waart, fale gelooss ze ginn. Et sinn d’metallen Himmelsdieren, déi iwwert de Käpp vum Alldag existéieren. D’Portaler an aner Welten. Heiansdo ginn se op a späizen eppes eraus. Individuen, déi sech ënnert d'Leit mëschen, wéi wann se schonn ëmmer en Deel vun der Gesellschaft gewiescht wären. An, méi oft wéi net, bréngen se Saache mat sech – Technologien, déi mer nach net verstinn. Magie, déi eis ze komplex ass. Mee si och si just Opfer vun hirem Schicksal, verdaamt dozou, fort vun hirer Realitéit ze liewen.